samedi 18 octobre 2008

Merci


En Merci un all déi, déi mier virum 5ten nach ungeruff/geschriwwen hun oder souguer doheem nach bis lanschtkomm sin. Och déi kleng Undenken, Tipps, an Rotschléih wärt ech net vergiesen.

En groussen Merci och un déi, déi um Sonnden den 5ten an der Nuecht opgestanen sin respektiv guer net schlofen wooren^^ an mech um Flughafen iwwerascht hun!

Merci och un d'Julie Schroeder, wat mier 1 ganzen Kg Bikker mat op den Wee gin huet. D'Kanner hei am Peru kann een mat sou engem "bolígrafo" méi glecklech maan, ewéi en Kand an Letzebuerg mat dem néitsten Gameboy.

Deen zweetleschten Merci geet un den Luis Carlos Carmona, deen ons onsen Openthalt an Lima organiséiert huet. Alles hat perfekt geklappt, vun der Persoun déi zu Lima op ons gewaart huet, bis zum Hotel an den Wee dono nees zreck op den Flughafen.

Zu gudder lescht dach déi Bescht: Merci un meng Famill, déi di ganzen Zaiten an virunallem an deenen leschten bessen méi stressegen Deeg emmer dann fier een do woor, wann een se gebraucht huet!

Aucun commentaire: