Mettlerweil sin nei Photoen online déi dier HEI kent kucken
Daniel Dominique Yannick
Endlech sin déi néideg Schrett gemeet,
den Bénévolat gett emmer méi konkret:
Den 5ten Oktober geet et lass,
dann gesin ech wéi et an Südamerika ass.
Fier d’éischt mam Fliiger op Amsterdam; dann op Lima,
geet et schlussendlech op Cuzco an en aanert Klima:
gewinnen muss een sech do un den Héischtennerscheed,
deen huet munch engem schon d’Liewen schwéier gemeet.
Alleng sin ech awer net ennerwee,
mier sin zu 4 ganz genee:
den Vincent an den Dominique,
den Daniel an (ech) den Yannick.
Onsem Projet sollten mier en Numm gin:
„Verschidde Weer 1 Ziil“ sollt et sin.
Daat Ziil wellen mer zesummen erfellen,
mat Respekt, Toleranz an vill Wellen.
Net nemmen wärten mier eng aner Mentalitéit kennenléieren,
mee och en ganzt neit Liewen féieren.
Ech wärt reegelméisseg e puer Berichter schreiwen,
an ierch erzielen wat mier am Peru esou dreiwen.
Och un Fotoen an Videoen soll et net feelen,
déi wärt ech gären hei mat ierch deelen.
Dier kent mer (um Blog) och gären eng Nochricht hannerloossen,
do wier ech ierch bestemmt net roosen,
am Géigendeel, well esou en klengen Kommentar,
egal op vun doheem, aus der Schoul oder enger Bar,
wärt mech freen an dozou mootivéieren,
net ze schnell d’Laun um Schréiwen ze verléieren.
Fiir déi, déi lo d‘1ère oder 13ième vrun sech hun:
Bonne Chance, gidd ierch gudd drun =)
Deenen aaneren op der UNI nemmen daat Bescht,
leider gett et nierwt dem Unisliewen och nach den ganzen Recht…
Ajo maacht mer weg. alleguerten een Gefaalen,
an verspriecht mer ierch drun ze haalen,
Passt gudd op ierch op! Aus dem einfachen Grond:
Eremgesin well ech ierch gären an 8 Méint: monter an gesond!!
© by Yannick Muller
Pictures from Google and Wikipedia