mercredi 1 octobre 2008

Sonndes, den 5ten Oktober 2008

Endlech sin déi néideg Schrett gemeet,

den Bénévolat gett emmer méi konkret:

Den 5ten Oktober geet et lass,

dann gesin ech wéi et an Südamerika ass.

Fier d’éischt mam Fliiger op Amsterdam; dann op Lima,

geet et schlussendlech op Cuzco an en aanert Klima:

gewinnen muss een sech do un den Héischtennerscheed,

deen huet munch engem schon d’Liewen schwéier gemeet.

Alleng sin ech awer net ennerwee,

mier sin zu 4 ganz genee:

den Vincent an den Dominique,

den Daniel an (ech) den Yannick.

Onsem Projet sollten mier en Numm gin:

„Verschidde Weer 1 Ziil“ sollt et sin.

Daat Ziil wellen mer zesummen erfellen,

mat Respekt, Toleranz an vill Wellen.

Net nemmen wärten mier eng aner Mentalitéit kennenléieren,

mee och en ganzt neit Liewen féieren.


Ech wärt reegelméisseg e puer Berichter schreiwen,

an ierch erzielen wat mier am Peru esou dreiwen.

Och un Fotoen an Videoen soll et net feelen,

déi wärt ech gären hei mat ierch deelen.

Dier kent mer (um Blog) och gären eng Nochricht hannerloossen,

do wier ech ierch bestemmt net roosen,

am Géigendeel, well esou en klengen Kommentar,

egal op vun doheem, aus der Schoul oder enger Bar,

wärt mech freen an dozou mootivéieren,

net ze schnell d’Laun um Schréiwen ze verléieren.


Fiir déi, déi lo d‘1ère oder 13ième vrun sech hun:

Bonne Chance, gidd ierch gudd drun =)

Deenen aaneren op der UNI nemmen daat Bescht,

leider gett et nierwt dem Unisliewen och nach den ganzen Recht

Ajo maacht mer weg. alleguerten een Gefaalen,

an verspriecht mer ierch drun ze haalen,

Passt gudd op ierch op! Aus dem einfachen Grond:

Eremgesin well ech ierch gären an 8 Méint: monter an gesond!!

© by Yannick Muller

Pictures from Google and Wikipedia

11 commentaires:

Mateusz Buraczyk a dit…

Yannick!
Ech bewonneren dech! Daats de dech getraut hued dei rees zzze man as phemonenal! Ech hoffrn du sammelst genuch infos fir eis all! Ech sin iergentweu richteg neideg! Wenschen denger Equipe daat allerbescht! Liew e Liewen fier eis all mat!
Love Ya!
Dk
Theusz

Anonyme a dit…

Salu Yannick
Vill spass am Peru, gett bestemmt mega... Hoffen du kenns och ganz erem, fleit io mat enger Peruanerin, hehe :)

Claudine Kremer a dit…

Mir freen ons fir dech an gin an Gedanken dein Süd-Amerika Wee mat dir mat
dK
De Rescht vun der Rasselband

Anonyme a dit…

heyhey, an du wei ass et am peru?
majo hoffe, dass du dech elo gleich eng keier kanns mellen, well vermessen dech elo schon!!!!! et ass meega krass!!! haut an der schoul hun ech missen un den sonnden um flughaafen denken, weis du do duerch d' kontroll gaangen bass!!! majo an dunn sin mier treinen komm!!!!!
bon maache mech erem!!
waarden op deng entferten!!!!!
chu mdfk hdmmmmml

p.s. i miss you

Anonyme a dit…

hallo yannick:) hei ast lisa ant sarah:) wei geet et dir?? hoffen dat et bei dir/ierch ales ok as an dir weel vill vun cuzco gesin hut...hu da schon een doheem font:) eemmm hei am letz as et scheiss, well et reent eischtens an zweetens si dir fort:( mee nujee mir packen daat:) hahaha sorry mee sin nach midd vun der nuetschicht an doweinter esou een komeschen comment:) vun mir an vum sarah...esou majo dann bis deem next..kuss un ierch ciao

Anonyme a dit…

Yannick Yannick, burning bright,
in the forests of the night,

;p
Yannick ech wenschen dir alles guddes an den Peru! Wanns du wells, faenk un mat mediteiren, well dohannen as et dofiir eng ideal plaatz! T'as bestemmt schein dohannen an deng aen mussen sech mol reicht drun gewinnen souwei dein otem! MEDITATIOUN that's the key man!

Allez vill vergnügen an vill Gleck dobai fir dein spirituellen Guide ze fannen ;)

Cu

Yeti rulez :P

Stef a dit…

Liew dein draam awer dreem net dein liewen ... ech haalen mech dorunner an du och bestemmt...
Alles guddes fir dei magic 4 !
ech hoffen mier kreien geschwenn eps ze leiren aus der rees an natierlech och schein fotoen ze gesin
Stef
ps: dein blog ass op mengem gelëscht stefspeckskinews.blogspot.com

Anonyme a dit…

Hey yannick ;)
lol wei den yugi et schon sot, LOS DEN YETI RAUS :D
krkr top yugi.
ma ech well net vill schreiwen, schleissen mech bessi deenen aaneren un, erlierf sou villste kanns, pass b dech ob, bleif suwait gesond. hellef den leit, dei brauchen et bestemmt mei wei mir. voila dann hoffen ech krein ech bzw mir een message dat et da gud geht. =) <3 kys

Anonyme a dit…

hey! hoffen et geet der gut dohannen?! :)
lo get et schon baal eng woch wous de doennen bass!nach puer där wochen an dann bass de schon rem hei ;) emmer optimistech bleiwen hehe
majo hei zu stroosbuerg verpass de amfong fill :D party party party, an e bessen schoul awer, du hues jo gesot ech sol mein joer packen also maan ech mein bescht :)
nujé waarden op post fun dir (setz dech awa lo net enner drock ;))
gut dann freen mer eis op di eischt fotoen
bis dohinner fill spaass nach an pass op dech op
mdk XXXX

DIANE

Nekkel a dit…

Ouèchosen,
Alles klar am dschungel? Also dain blog ass jo schon deck de gas, do kann een jo jhust weiderliesen. sin deck gespaant op di next messages from outer space an hoffen dier gidd eenz. Freen mech op alle fall fier dech, geneiss deen very special orbit an deems de grad dreins. Eis planeiten bleiwen a kontakt.bip.bip:)
Alles gudds from luxembourg vun hinnen alleguerten an nach ganz anneren yiha
Bis demnächst
Nekkel

Anonyme a dit…

MTV 2010Awards

Guten Abend

Wir stimmen wieder absolut nicht überein mit der diesjährigen mtv 2010awards Entscheidung.

Bitte geht zu unsere kleine Webumfrage

http://micropoll.com/t/KEcJnZBNrh


Lady Gaga kann doch wirklich nicht besser sein als Sting

Diese Umfrage wird unterstützt von MTVawards 2010 sponsor femmestyle
[url=http://www.femmestyle.ch]brustvergrößerung plastische Chirurgie[/url]


Die nächste Verleihung 2011 muss wieder unbedingt besser werden.