samedi 18 octobre 2008

Estamos en Urubamba

Leider mussen mier ierch matdeelen datt 1 vun ons 4, den vinz, desen benevolat huet missen oofbriechen... mier waerten seng aart an weis ons op trapp ze haalen vermessen!!
Den Text ass nach emmer an Bearbeschtung^^ Mier hun en klengen Mangel un Zait :)
Mettlerweil sin nei Photoen online déi dier HEI kent kucken

Daniel Dominique Yannick

Merci


En Merci un all déi, déi mier virum 5ten nach ungeruff/geschriwwen hun oder souguer doheem nach bis lanschtkomm sin. Och déi kleng Undenken, Tipps, an Rotschléih wärt ech net vergiesen.

En groussen Merci och un déi, déi um Sonnden den 5ten an der Nuecht opgestanen sin respektiv guer net schlofen wooren^^ an mech um Flughafen iwwerascht hun!

Merci och un d'Julie Schroeder, wat mier 1 ganzen Kg Bikker mat op den Wee gin huet. D'Kanner hei am Peru kann een mat sou engem "bolígrafo" méi glecklech maan, ewéi en Kand an Letzebuerg mat dem néitsten Gameboy.

Deen zweetleschten Merci geet un den Luis Carlos Carmona, deen ons onsen Openthalt an Lima organiséiert huet. Alles hat perfekt geklappt, vun der Persoun déi zu Lima op ons gewaart huet, bis zum Hotel an den Wee dono nees zreck op den Flughafen.

Zu gudder lescht dach déi Bescht: Merci un meng Famill, déi di ganzen Zaiten an virunallem an deenen leschten bessen méi stressegen Deeg emmer dann fier een do woor, wann een se gebraucht huet!

mercredi 1 octobre 2008

Sonndes, den 5ten Oktober 2008

Endlech sin déi néideg Schrett gemeet,

den Bénévolat gett emmer méi konkret:

Den 5ten Oktober geet et lass,

dann gesin ech wéi et an Südamerika ass.

Fier d’éischt mam Fliiger op Amsterdam; dann op Lima,

geet et schlussendlech op Cuzco an en aanert Klima:

gewinnen muss een sech do un den Héischtennerscheed,

deen huet munch engem schon d’Liewen schwéier gemeet.

Alleng sin ech awer net ennerwee,

mier sin zu 4 ganz genee:

den Vincent an den Dominique,

den Daniel an (ech) den Yannick.

Onsem Projet sollten mier en Numm gin:

„Verschidde Weer 1 Ziil“ sollt et sin.

Daat Ziil wellen mer zesummen erfellen,

mat Respekt, Toleranz an vill Wellen.

Net nemmen wärten mier eng aner Mentalitéit kennenléieren,

mee och en ganzt neit Liewen féieren.


Ech wärt reegelméisseg e puer Berichter schreiwen,

an ierch erzielen wat mier am Peru esou dreiwen.

Och un Fotoen an Videoen soll et net feelen,

déi wärt ech gären hei mat ierch deelen.

Dier kent mer (um Blog) och gären eng Nochricht hannerloossen,

do wier ech ierch bestemmt net roosen,

am Géigendeel, well esou en klengen Kommentar,

egal op vun doheem, aus der Schoul oder enger Bar,

wärt mech freen an dozou mootivéieren,

net ze schnell d’Laun um Schréiwen ze verléieren.


Fiir déi, déi lo d‘1ère oder 13ième vrun sech hun:

Bonne Chance, gidd ierch gudd drun =)

Deenen aaneren op der UNI nemmen daat Bescht,

leider gett et nierwt dem Unisliewen och nach den ganzen Recht

Ajo maacht mer weg. alleguerten een Gefaalen,

an verspriecht mer ierch drun ze haalen,

Passt gudd op ierch op! Aus dem einfachen Grond:

Eremgesin well ech ierch gären an 8 Méint: monter an gesond!!

© by Yannick Muller

Pictures from Google and Wikipedia